Kinoler

Kinoler Ären Duerfkino aus Koler.
46 ganz konform Sëtzplaatzen.
32 Lautsprecher, equipéiert mat Dolby ATMOS
(1)

Mir sin an eiser eischter Augustwoch a wei versprach starte mir iwer de ganze Summer eng Jacques Tati Retrospektiv: E fr...
02/08/2026

Mir sin an eiser eischter Augustwoch a wei versprach starte mir iwer de ganze Summer eng Jacques Tati Retrospektiv: E franséiche Komiker dee mat senge visuell humorvolle, mee och scho bessi soziokritesche Filmer, franséich Filmgeschicht geschriwen huet an daat ouni vill ze schwätzen.
En absolute Filmtip, fir dei wou hie kennen oder awer och säin Univers découvréire wëllen. Seng eischt Slapstick Comédie "Jour de Fête" aus dem Joer 1949 spille mir an enger nei restauréierter Versioun dësen Dënschdeg um 20h. Hei spillt den Tati d'Roll vun engem Breifdréier, ouni Sënn fir Humor, dee seng Breiwer per Velo ausgerechent un deem Dag ausdroe muss, wou eng Kiermes a vill Léit an der Stad sin: Nostalgie, vill Witz an e Récksprong op d'Liewen an de 40er Joren si garantéiert an dësem wonnerbare Filmklassiker.

E Mëttwoch spille mir dann eng leschte keier 5 lëtzebuergesch Kuerzfilmer am Kader vun eiser "Kuerz & Knackeg" Serie. Thema an dëser zweeter Editioun war "Léift".

En neie Film hu mir awer nach um Freideg "Was Marielle weiss": An dësem däitschen Drama geet et ëm dat jonkt Marielle wat no enger Klack an Gesicht sämtlech Gedanken vu sengen Elteren héiert. Doduerch geréit dat idylescht Familjeliewen, zwecks dem Verloscht vun der Privatsphäre an onausgeschwatenen Konflikter natirlech un Wackelen.

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Denschdeg 04/8:
20h "Tati: Jour de Fête" (vo-fr)

Mëttwoch 05/8:
20h "Kuerz&Knackeg: Kuerzfilmer"
(vo-lux, en ST)

Donneschden 06/8:
20h "Tuner" (vo-en, fr/nl ST)

Freiden 07/8:
20h "Was Marielle weiss" (vo-d)

Samschden 08/8:
20h "Spider-Man: Brand new Day"
(vo-en, d/fr ST)

Sonden 09/8:
15h "Paw Patrol: Der Dino Film" (däitsch)
20h "The Odyssey" (vo-en, d/fr ST)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Eng nei Woch steet virun der Dier wou mir Iech Méindes namol de "Pillion" an enger Zousatzseance spillen.Da mellt den To...
26/07/2026

Eng nei Woch steet virun der Dier wou mir Iech Méindes namol de "Pillion" an enger Zousatzseance spillen.

Da mellt den Tom Holland sech nees zréck als Spider-Man am véierten Deel vu senger Réih "Brand New Day": An dësem Superhelden Fantasy-Actionadventure wëll sech de Peter Parker op seng Uni konzentréieren an de Spider-Man hannert sech loosen, mee wéi eng nei Gefohr dem Peter seng Frënn bedréiht, bleift him keen aneren Auswee méi, wi säi Kostüm nees unzedoen. Mir spillen de Film an der VO an an der däitscher Versioun.

Nei dann och de franséichen Animatiounsfilm "In Waves": Nodeems dem Kristen säi Liewen op der Kopp steet duerch eng Krankheet, deelt hat emsu méi d'Passioun zum Surfen an zum Mier mat sengem neie Frënd.

Fir d'Kanner spille mir dann ab dem nächste Sonndeg de neisten "Paw Patrol"

A falls dir de ganz interessanten Horrorthriller "Obsession" nach net gesin hutt: E Mëttwoch ass är leschte Chance dës "Romanz" ze entdecken ;)

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Méindeg 27/7:
20h "Pillion" (vo-en, fr/nl ST)

Mëttwoch 29/7:
20h "Obsession" (vo-en, d/fr ST)

Donneschden 30/7:
20h "In Waves" (vo-fr, en ST)

Freiden 31/7:
20h "Spider-Man: Brand new Day"
(vo-en, d/fr ST)

Samschden 01/8:
20h "The Odyssey" (vo-en, d/fr ST)

Sonden 02/8:
15h "Paw Patrol: Der Dino Film" (däitsch)
20h "Spider-Man: Brand new Day" (däitsch)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Eis nei Woch ass vollgefëllt mat Filmer, a mir starten mat 2 Zousatzseancen um Méindeg an Dënschdeg wou virunallem de "B...
19/07/2026

Eis nei Woch ass vollgefëllt mat Filmer, a mir starten mat 2 Zousatzseancen um Méindeg an Dënschdeg wou virunallem de "Backrooms" en absoluten Tip ass! Wann der Fan vu Mysteryfilmer sid, kommt deen onbedingt kucken, dir wäert nach lang doriwer nodenken: E Mann entdeckt a sengem Miwelgeschäft e verstopptenen "Backroom" an taucht dann do komplett an. Mir spillen Iech de Film suguer eischtmolleg an enger extended Versioun, wu dir nom Film nach extra 16min kriit.

Nei dann och den "Tuner": D'Liewen vun engem talentéierte Pianostëmmer ännert komplett, wéi hien och och mierkt dass hien uffänkt Coden ze knacken. E Krimidrama mam Dustin Hoffman an Leo Woodall.

An dann erennere mer och namol un de grandiosen "Odyssey" dee weiderhin bei eis super funktioneiert dank dem Nolan senger exzellenter Regie an dem bombastesche Sound: E Film dee vir de Kino gemach ass an zu kengstem Moment langweileg ass.

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Méindeg 20/7:
20h "Evil Dead Burn" (vo-en, d/fr ST)

Dënschdeg 21/7:
20h "Backrooms" (vo-en, fr/nl ST)

Mëttwoch 22/7:
20h "Die Legende des Wüstenkindes" (däitsch)

Donneschden 23/7:
20h "La Bataille de Gaule: J'écris ton nom"
(vo-fr)

Freiden 24/7:
20h "Tuner" (vo-en, fr/nl ST)

Samschden 25/7:
20h "Die Odyssee" (däitsch)

Sonden 26/7:
15h "Vaiana" (däitsch)
20h "The Odyssey" (vo-en, d/fr ST)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Zäit ass komm an dem Christopher Nolan säi neist Kinospektakel "The Odyssee" kennt wéi annoncéiert, an de Kino a mir spi...
12/07/2026

Zäit ass komm an dem Christopher Nolan säi neist Kinospektakel "The Odyssee" kennt wéi annoncéiert, an de Kino a mir spillen Iech de Film natirlech och zu Koler an der Original- suwéi Däitscher Versioun: Nom Troyanesche Krich erliewt den Odysseus (gespillt vum Matt Damon) eng geféierlech Heemrees, mat ville komesche Kreaturen a Wiesen. Eng epesch Fantasyaventure wéi ee se just am Kino kann erliewen, signéiert vum exzellente Nolan. A weidere Rollen den Tom Holland, Anne Hathaway a Robert Pattinson. Mir hun Iech de Film gläich 6x programméiert.

Nei dann och nach di 2t Editioun vum "Kuerz & Knackeg", wou mir Iech nees 5 lëtzebuergesch Kuerzfilmer weisen, di sech dës keier all ronderem Thema 'Lovers' dréihen.

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Mëttwoch 15/7:
20h "The Odyssey" (vo-en, d/fr ST)

Donneschden 16/7:
20h "Kuerz & Knackeg vol.2" (vo-lux, en ST)

Freiden 17/7:
20h "Die Odyssee" (däitsch)

Samschden 18/7:
20h "The Odyssey" (vo-en, d/fr ST)

Sonden 19/7:
15h "Minions & Monster" (däitsch)
20h "Die Odyssee" (däitsch)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Eis nei Woch starte mir mat franséicher Geschicht a Form vun exzellentem Kino. Mir proposéire Iech namol di 2 Deeler iwe...
05/07/2026

Eis nei Woch starte mir mat franséicher Geschicht a Form vun exzellentem Kino. Mir proposéire Iech namol di 2 Deeler iwer de Charles De Gaulle: Mëttwochs den "L' Age de Fer" an Doneschdes den "J'écris ton nom".

Nei dann och de Scala-Stippi "Pillion", iwer eng homosexuell Koppel, wou ee vun den zwee, de Ray (gespillt vum Alexander Skarsgard) eng Biker-Gang uféiert, an deen aneren, de Colin (Harry Melling) doduerch eng perséinlech Entwécklung duerchliewt, dat säin Alldag a Fro stellt zwecks hirer ënnerwerfeger Bezéiung. E Psychodrama mat schwarzem Komédi Charakter.

Da mellt Disney sech zréck mat enger neier Live-Action Animatioun vun hirem "Vaiana" (Moana) gespillt vum Catherine Laga'aia a mam Dwayne Johnson als Maui. Mir spillen Iech de Film Samschdesowes a Sondesmëttes an däitscher Sproch.

Sondesowes hu mir dann nach de neisten "Evil Dead Burn" fir all Horrorfans.

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Mëttwoch 08/7:
20h "La bataille de Gaulle partie 1" (vo-fr)

Donneschden 09/7:
20h "La bataille de Gaulle partie 2" (vo-fr)

Freiden 10/7:
20h "Pillion" (vo-en, fr/nl ST)

Samschden 11/7:
20h "Vaiana" (däitsch)

Sonden 12/7:
15h "Vaiana" (däitsch)
20h "Evil Dead Burn" (vo-en, d/fr ST)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Och fir eis nei Woch, déi net méi sou warm soll gin, leeft eis Klimatisatioun nach ëmmer fir Iech angenehm Seancen ze pr...
28/06/2026

Och fir eis nei Woch, déi net méi sou warm soll gin, leeft eis Klimatisatioun nach ëmmer fir Iech angenehm Seancen ze proposéiren:

Dës Woch hu mir den zweeten Deel vun der Geschicht vum Charles De Gaulle fir Iech am "J'écris ton nom": No sengem Verdingscht als Arméioffizéier verfollegt hien no de Mëtt 40er seng politesch Karrière. Dës franséich Biographie mam exzellenten Simon Abkarian spille mir um Sondeg. Wann dir den eischten Deel verpasst hutt, kenn dir deen och namol e Mëttwoch 8.Juli erkunden. Doneschdes di Woch drop spille mir dann och namol den zweeten Deel.

Nei dann och d'Milly Alcock als "Supergirl": An dëser DC Actionaventure gëtt di donkel Vergangenheet vum Kara Zor-El erzielt a wéi seng Rees dann och op d'Aerd gefouert huet, fir do Welt ze retten.

E flotten Familjefilm hu mir um Freidegowend fir Iech "Die Legende des Wüstenkindes" iwer dat 14 järegt Sun, wat iwer e Kand schreift, wat an der Wüst verschwonn ass, a bei Straussen opgewues ass. Wi d'Sun selwer an d'Sahara fiert, mierkt et dass di Geschicht warscheinlech real war.

An dann hu mir nach exklusiv Doneschdes um 18h30 e kuerzen Documentaire "Rapha•Elle" iwer eng Transgender Fra, wat am Hockeyspillen ganz ambitiéis ass, a banne 24min seng Geschicht erzielt. En Deel vum Team vun der Produktioun kommen och op Koler.

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Mëttwoch 01/7:
20h "Disclosure Day" (vo-en, d/fr ST)

Donneschden 02/7:
18h30 "Rapha-Elle" (vo-fr)
20h "The Devil wears Prada 2" (vo-en, d/fr ST)

Freiden 03/7:
20h "Die Legende des Wüstenkindes" (däitsch)

Samschden 04/7:
20h "Supergirl" (vo-en, d/fr ST)

Sonden 05/7:
15h "Toy Story 5" (däitsch)
20h "La Bataille de Gaule -Partie2" (vo-fr)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Hëtzeg Temperaturen gin erward, dann ass eise Kinoler déi richteg Plaz, sech bessi am klimatiséierte Raum ofkillen ze lo...
21/06/2026

Hëtzeg Temperaturen gin erward, dann ass eise Kinoler déi richteg Plaz, sech bessi am klimatiséierte Raum ofkillen ze loosen.

Op Nationalfeierdag spille mir Iech owes namol de spannende Mysterythriller "Backrooms" a Mëttwochs eng Reprise vum briteschen "I swear" dee mir Iech namol ubidde wëllen, well et ee vun de beschten Filmer vum Joer ass, iwer e Jong deen Tourette Syndrom huet. Absolut empfehlenswert an allerlescht Chance.

Nei dann den Horrorthriller "Obsession": En Romantiker léisst no hoffnungsloser Verzweifelung d'Léift vum Liewen ze fannen, en donkelen Zauber aus. Extrem gehypt am Ausland spille mir dee Film och lo endlech zu Koler.

Nei dann och "Deviens génial", eng franséich Comédie iwer e 40järegen Däitschprof deem seng Coursen net vill Succès hun a sou beschléisst zesummen mat enger Museksprof eng Klassefahrt an Däitschland ze organiséieren.

An da sin d'Minions och nees zréck, déi sech op d'Sich no Monsteren maachen, fir e Gruselfilm ze dréihnen.

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Dënschdeg 23/6:
20h "Backrooms" (vo-en, fr/nl ST)

Mëttwoch 24/6:
20h "I swear" (vo-en, fr/nl ST)

Donneschden 25/6:
20h "Michael" (vo-en, d/fr ST)

Freiden 26/6:
20h "Minions & Monsters" (vo-en, d/fr ST)

Samschden 27/6:
20h "Obsession" (vo-en, d/fr ST)

Sonden 28/6:
15h "Minions & Monster" (däitsch)
20h "Deviens génial" (vo-fr)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Eng voll gefëllte Woch steet virun der Dier mat nierwt dem neien He-Man Film um Méindegowend, engem leschten vun 3 Anime...
14/06/2026

Eng voll gefëllte Woch steet virun der Dier mat nierwt dem neien He-Man Film um Méindegowend, engem leschten vun 3 Animesfilmer vum Mamoru Hosoda dem "Girl who leapt through Time" um Dënschden: En Highschool Meedchen léiert an Vergangenheet ze reesen, a beschléisst dës Gabe zu sengem Virdeel ze notzen, bis et mierkt dass et doduerch och anerer beaflosst. E ganz interessanten Anime aus dem Joer 2006 an enger komplett nei restauréierter Versioun.

Mat Animatioun geet et dann och weider an zwar mam mëttlerweil 5ten Deel vun "Toy Story" wou sech d'Spillsacheband dës keier enger neier Gefor stelle muss, der Technologie. Mir spillen de Film an däitscher Sproch net just Sondesmëttes mee och Samschdesowes als Familjenséance.

Dann hu mir awer och nach de ganz spannende Psychothriller "Backrooms" fir Iech, wou eng mystérieis Dier am Keller vun engem Miwelhaus erschengt...

Verpasst och net de neie Steven Spielberg! Exzellente Film

Mir wënschen Iech eng schéi Woch!

Méindeg 15/6:
20h "Masters of the Universe" (vo-en, d/fr ST)

Dënschdeg 16/6:
20h "The Girl who leapt through Time"
(vo-jpn, en ST)

Mëttwoch 17/6:
20h "Disclosure Day" (däitsch)

Donneschden 18/6:
20h "Scary Movie" (vo-en, d/fr ST)

Freiden 19/6:
20h "Backrooms" (vo-en, fr/nl ST)

Samschden 20/6:
20h "Toy Story 5" (däitsch)

Sonden 21/6:
15h "Toy Story 5" (däitsch)
20h "Disclosure Day" (vo-en, d/fr ST)

Ticketen ënner:
http://Kinoler.lu/de/movies

Adresse

38, Rue Principale
Kahler
8376

Heures d'ouverture

Mercredi 19:00 - 23:00
Jeudi 19:00 - 23:00
Vendredi 19:00 - 23:00
Samedi 19:00 - 23:00
Dimanche 14:00 - 23:00

Téléphone

+352380019411

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Kinoler publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Kinoler:

Raccourcis

Partager

Type